
Op der B87 op der Héicht vu Gräfendorf bei Torgau hu si nämlech e 74 Joer ale Rollstullfuerer aus dem Verkéier missten zéien. De Mann war mat sengem Elektrogefier hei ënnerwee. Opgefall ass hien de Beamten, well hie mam Rollstull Schlaangelinne gefuer ass an esou den Trafic opgehalen huet. Wéi d’Beamten hien unhale wollten, ass de Mann als éischt awer emol einfach esou weidergefuer.
Eréischt kuerz drop konnt de Verkéiersrowdy ugehale ginn. Beim Alkoholtest koum dann déi nächst Iwwerraschung fir d’Beamten: D’Gerät war bei 2,2 Promill stoe bliwwen. No deem Wäert hunn d’Beamten dem Rollstullfuerer du verbueden, säi Wee weiderzemaachen.