
Optakt vun der Campagne, mat där d’CFL op “d’Besoine vun de schwächste Kanner an der Welt opmierksam” wëlle maachen, war e Méindeg an den CFL-Atelieren zu Bouneweg. Déi éischt Aktioun ass eng Lokomotiv, déi de ganze Juni mat engem grousse Plakat vun SOS Villages d’Enfants du Monde (SOSVEM) wäert duerch d’Land fueren.
“De Message, dee vun der Lokomotiv e ganze Mount laang transportéiert gëtt, soll d’Bierger fir déi dacks tragesch Schicksaler vu Kanner an der ganzer Welt sensibiliséieren”, heescht et an engem Schreiwes vun den CFL an SOSVEM. “Als sozial responsabel Entreprise läit et eis am Häerzen, an eisem deegleche Verhale Solidaritéit ze weisen”, hunn de Jeannot Waringo, President vum Verwaltungsrot, an de Marc Hoffmann, Direkter vun den Aktivitéite fir de Persouneverkéier, bei der Presentatioun vun der Lokomotiv mat der SOSVEM-Affiche betount.
D’Direktesch vun SOS Villages d’Enfants du Monde, d’Sophie Glesener, hätt sech iwwer d’Aktioun gefreet, mat där d’CFL iwwerdeem och un SOSVEM-Campagnen “Together 4 Families!” vun 2012 a “Learn 4 Life!” vun 2013 erënneren, bei deenen d’Lëtzebuerger Eisebunn deemools scho Partner war. Déi gemeinsam Solidaritéitsaktioun vun den CFL an SOSVEM ënnerstëtzt en neien Educatiounsprojet a Kolumbien, dee sech fir de Schutz an d’Educatioun vu venezuelanesche Migrantekanner asetzt. Zweet Aktioun wäert eng Plakat-Campagne am Summer op der Stater Gare sinn.
Schonn zanter 50 Joer ënnerstëtzt SOS Villages d’Enfants du Monde zu Lëtzebuerg Projeten op der ganzer Welt, déi sech fir Kanner a Jugendlecher asetzen.
