Instagram, Facebook a ThreadsMeta fänkt u Konte vu Jugendlechen an Australien ze läschen

AFP
Iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
De US-Techkonzern Meta huet ugekënnegt, datt en ufänkt Konte vun australesche Benotzer ënner 16 Joer op Instagram, Threads a Facebook ze läschen
© AFP

Dës Mesure kënnt virum 10. Dezember, wann d’generell Spärung vun dëser Altersgrupp op sozialen Netzwierker a Kraaft trëtt – eng weltwäit Première, initiéiert vun der australescher Regierung, fir Jugendlecher ze schützen.

Meta sot, d’Läsche wier bis den 10. Dezember ofgeschloss, mee d’Konformitéit mat der neier Gesetzgebung bleift e méi-stufege Prozess. Betraffe Benotzer kënnen hiren Historique eroflueden, an no hirem 16. Gebuertsdag kréie si d’Méiglechkeet, hire Kont an all Inhalter genee wéi virdrun nees online ze kréien.

D’Mesure betrëfft honnertdausende vu Jugendlechen, dorënner ronn 350.000 Instagram-User tëscht 13 a 15 Joer. Och Plattforme wéi TikTok, Snapchat oder Twitch sinn abegraff, wärend WhatsApp, Pinterest a Roblox aktuell ausgeholl bleiwen.

Vun nächster Woch u sinn d’Entreprise via Gesetz verflicht, d’Konten ze läschen. Sollte se dat net maachen, riskéiere se eng Strof vu bal 28 Milliounen Euro.

Back to Top
CIM LOGO