Cremeg Aktioun fir den Ëmweltschutz"Mona Lisa" am Louvre vu Visiteur mat Taart beschmass

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg hat e Visiteur et op dat wuel berüümtste Laachen op der Welt ofgesinn an huet am Paräisser Louvre mat Taart op d'Mona Lisa geschoss.
© AFP Archivbild

Duerch d’Glas, dat dat legendäert Bild schützt, ass näischt dru komm. D’Chefetage vum Musée wollt sech allerdéngs e Méindeg op Nofro vun der Noriichtenagence AFP net zum Virfall äusseren. Do virdru war awer grouss a breet op de soziale Reseauen driwwer bericht ginn.

Op Twitter hat ee User matgedeelt, dass hie sech e Sonndeg am Nomëtteg ënner anerem wollt d’Mona Lisa ukucken, wéi e Mann mat enger Paréck aus engem Rollstull opgestanen ass an eng Schlagsanstaart op dem Leonardo da Vinci säi Wierk geschoss huet. Op Twitter an op Instagram goufe Fotoe verëffentlecht, wéi e Gardien am Louvre d’Bild nees vun der Crème befreit. Eng Foto oder Video mam presuméierten Täter a senger Aktioun ass awer net am Internet opgetaucht.

Just op engem Video ass z’erkennen, wéi e wäiss gekleete Mann nieft engem Rollstull steet a vu Sécherheetsleit vum Musée erausbruecht gëtt. Wéi et schéngt, soll et sech bei der Aktioun ëm en Opruff fir den Ëmweltschutz handelen. De Mann, deen matgeholl gouf, soll geruff hunn:

“Et gi Mënschen, déi dobäi sinn, eis Äerd ze zerstéieren. Un all d’Kënschtler, denkt un eis Äerd. Dowéinst hunn ech dat gemaach. Denkt un eise Planéit.”

Am Dezember 1956 hat e Bolivianer d’Mona Lisa mat engem Stee beworf an dobäi déi lénk Säit vum Wierk beschiedegt. Als Konsequenz gouf dat iwwer 500 Joer aalt Bild mat Sécherheetsglas geschützt. 2005 goufen d’Schutzmoossnamen nach emol verstäerkt. Zanterhier hänkt d’Bild hanner Panzerglas an enger duerchsiichteger Këscht, an deem eng ideal Temperatur a Loftfiichtegkeet gesuergt ass. All Joer lackelt d’Mona Lisa Millioune Visiteuren aus der ganzer Welt op Paräis.

Back to Top
CIM LOGO