
D'Organisateure vum Laf-Event zu Sydney hunn e Sonndeg e Feeler beim Design vun der Medail zouginn, nodeems dës op Instagram presentéiert gi war. Op enger Säit weist d'Medail bekannte Gebaier laanscht d'Streck vun der australescher Metropol, dorënner och dat berüümt Opernhaus an d'Harbour Bridge - ma eeben och fälschlecherweis d'Allianz-Arena an der bayrescher Landeshaaptstad München.
"E bëssen ze vill internationale Flair" hätt de Wee op d'Medail fonnt, huet ee Spriecher vum Marathon-Organisateur zouginn. Hien huet vun engem "ongléckleche Feeler" geschwat, deen awer fir "gréisstendeels" witzege Gespréichsstoff gesuergt hätt. D'Allianz-Arena zu München huet de Mëssel op Instagram och mat Humor geholl.

Am Internet huet d'Verwiesslung nawell och fir Reaktioune gesuergt. Ënnert anerem gouf hei d'Vermuddung opgestallt, datt de Mëssel méiglecherweis doduerch koum, datt den Allianz Stadium zu Sydney, wou ënnert anerem Rugby gespillt gëtt, mat der Allianz-Arena zu München verwiesselt gi wier.
D'Medail soll beim Laf den 30. August un all d'Participante verdeelt ginn, déi déi 42,195 Kilometer laang Streck meeschteren an et duerch d'Zil packen. D'Organisateure rechne fir dëst Joer mat iwwer 40.000 Leefer a Leeferinnen.