HierschtMuss een d'Blieder virun der Hausdier oprafen?

RTL Lëtzebuerg
Am Hierscht verléieren d'Beem nees hir Blieder an et sammele sech grouss Kéip am Gaart oder virun der Hausdier. Soll a muss een dës am Fong oprafen?

Hierschtblieder / Rep. Laura Lessyn

Et ass déi eng Saach Blieder leien ze loossen, a Form vu Kéip, fir datt d’Insekten an aner Déieren am Wanter eng Plaz hunn, wou se iwwerwantere kënnen.

Eng aner Saach ass et awer, wa virun der Hausdier e Foussgänger drop ausrutscht, fält a sech eppes brécht. Den Affekot Paul Hammelmann verréit eis, wat een alles virun der Hausdier fräi a propper hale muss:

“Et ass effektiv esou hei zu Lëtzebuerg an am Ausland och, dass d’Anrainer vun engem Trëttoir, dat heescht déi Leit, déi do wunnen, mussen den Trëttoir propper hale virun hirer Dier. Dat geet vu Knascht bis Offall, awer och virun allem vun Naturgewalten, wéi Blieder oder Schnéi a Glatäis. Wa se dat net maachen, kënne se effektiv zu Verantwortung gezu ginn, wa se domadder engem schueden”

Och bei der Assurance hu mir nogefrot, déi eis bestätegt huet, datt de Proprietär wéi och de Locataire, responsabel fir hiren Trottoir sinn. Mä de Jean Zenners vum Foyer gëtt eis nach een anert interessant Beispill:

“Wann et elo de ganzen Dag schneit, gëtt natierlech net vun engem Proprietär oder engem Locataire erwaart, dass deen zu all Moment säi ganzen Trëttoire perfekt propper huet, dat ass an der Praxis net méiglech. Ëmgedréint, wann Dir natierlech elo an der Noperschaft no 3 Deeg, nodeems de leeschte Schnéi gefall ass, deen eenzege sidd, deen den Trëttoir net propper huet, dann ass d’Responsabilitéit scho vill méi evident”

Dat nämmlecht gëllt natierlech och fir Blieder, déi ëmmer an enger Period tëscht Enn September an Ufank Oktober ufänken erofzefalen.

Blieder sinn eppes ganz Natierleches an net schiedlech fir eis Ëmwelt. Blieder sinn en organescht Material, wat sech der Natur upasst, sech no enger Zäit zersetzt, an dann am Fréijoer als Dünger benotzt kéint ginn. De grénge Jeannot erkläert, wat mam Wuess geschitt wa Blieder leie gelooss ginn:

“Blieder, déi op engem Wuess leien, wou vill Beem oder Gestrëpps ronderëm stinn, falen natierlech vill Blieder un. Wann de Wuess voller Blieder ass, muss ee sech bedenken, dass de Wuess keng Luucht méi kritt. D’Deeg ginn ëmmer méi kuerz iwwert de Wanter, dat heescht de Wuess huet scho Problemer, iergendwéi Luucht ze kréien, a wann ech dann och esou e Bliederteppech drop leie loossen, dann ass et nach méi schwéier, fir de Wuess fir Luucht ze fänken, da gëtt en iwwert de Wanter giel, wat awer guer net dramatesch ass”

Also ass et besser, viru senger Dier ze kieren. Net datt nach engem eppes geschitt. An och de Wuess net vergiessen! Fir de Rescht kann ee Blieder leie loossen, oder a Form vun engem Koup zesumme kieren.

Back to Top
CIM LOGO