
Dat südafrikanescht Land mécht de Moment Reklamm als neien Homeoffice-Domizil iwwert déi kal Wanterméint.
Den namibesche President Hage Gottfried Geingob gëtt aktuell eisen däitschen Nopere mat sougenannten Digitalnomaden-Visaen d’Méiglechkeet, bis zu sechs Méint an hirem Land ze liewen. Dat mellt d’"Bild"-Zeitung an hirer Samschdeg-Editioun. Viraussetzung ass, dass ee vun do aus am Homeoffice schafft.
Et hätt ee vill Plaz, fir d’Leit wëllkomm ze heeschen, heescht et weider. Déi fréier däitsch Kolonie wier “e Stéck wäit en Zwilling vun Däitschland an Afrika”. Bei den Touristen ass d’Land och wéinst senger Vilfalt un Déieren, spektakuläre Landschaften an der gudder Sécherheetslag beléift.
Wie sech wëll mellen, muss de Mount en Akommes vun iwwer 2.000 Dollar - ëmgerechent 1.895 Euro - hunn, nieft engem Permis an enger Aarbechtsplaz, déi sech fir en Homeoffice ubitt. D’Stroumversuergung an Namibia wier den Ament och stabil.
D’Regierung rechent am Hibléck op Energiekris mat Dausenden Interesséierten. Donieft wier Däitsch am fréieren “Däitsch-Südwestafrika” eng unerkannte Regionalsprooch. Eng iewescht Grenz fir Participante beim Programm ass dem Bild-Bericht no den Ament net virgesinn.