Artemis-MissiounNasa-Rakéit soll e Samschdeg starten

RTL Lëtzebuerg
Nodeems d'Rakéit am Fong schonn e Méindeg an den Orbit fléie sollt, mä dëst opgrond vun engem technesche Feeler net gaangen ass, gouf en neien Datum fonnt.
© AFP

Der Nasa no soll e Sensor mat technesche Feeler am Killsystem vun der Rakéit d’Haaptursaach gewiescht sinn, fir datt d’Rakéit net gestart ass. Neisten Ënnersichungen no huet sech allerdéngs erausgestallt, datt de Sensor nëmme falsch Informatiounen iwwermëttelt huet an datt soss alles ouni Problemer funktionéiert huet. Engem weidere Startversuch géif deemno näischt méi am Wee stoen, sou d’Nasa.

Den nächste Start gouf op e Samschdegowend 20.17 Auer Lëtzebuerger Zäit ugesat. Sollt et do nees zu Startschwieregkeete kommen, géing een et e Méindeg nach eng Kéier probéieren, heescht et weider vun den US-Weltraumautoritéiten an engem Schreiwes.

Back to Top
CIM LOGO