Ëmmer méi Missiounen am WeltraumNASA soll eenheetlech Zäit fir de Mound festleeën

RTL Lëtzebuerg
Ëmmer méi Raumfaartagencen a Firme starte Missiounen an den All. Fir d'Sécherheet an d'Navigatioun soll d'NASA dofir en Zäit-Standard um Mound decidéieren.
© Valentin Wagner / RTL

Dat Wäisst Haus zu Washington huet der US-Raumfaartautoritéit NASA den Optrag ginn, eng eenheetlech Zäit fir de Mound festzeleeën. Wéi de Büro fir d’Reguléierung vu Wëssenschaft an Technologie (OSTP) vum Wäissen Haus schreift, wier en Zäit-Standard am Weltall wichteg, well ëmmer méi Entreprisen an Agencë vun anere Staaten amgaange sinn, Missiounen op de Mound, de Mars oder doriwwer eraus ze starten.

Bis Enn 2026 soll d’National Aeronautics and Space Administration e Plang fir déi nei Moundzäit, also Coordinated Lunar Time, LTC, ausgeschafft hunn. D’Zäit soll da fir den Äerdtrabant a fir weider Himmelskierper gëllen. Vue datt d’Zäit jee no Positioun am Weltraum ënnerschiddlech vergeet, wier d’Festleeë vun engem klore Standard fir d’Sécherheet, d’Navigatioun an d’Kommunikatioun am All wichteg, erkläert den OSTP-Mataarbechter Steve Welby der Noriichtenagence AFP no.

Déi koordinéiert Moundzäit soll mat der koordinéierter Weltzäit (Coordinated Universal Time, UTC) gekoppelt sinn. D’UTC ass d’Basis fir d’Berechnung vun enger lokaler Zäit op der Äerd. Änlech wéi d’Weltzäit UTC duerch e Reseau vun Atom-Auere gereegelt ass, kéint dem OSTP no fir d’Reegelung vun der Zäit um Mound en Netz un Aueren um Äerdtrabant opgeriicht ginn.

D’USA plangen iwwerdeem eng onbemannt Landung um Mound. Dat wier déi éischt zanter der Apollo-17-Missioun 1972.

Back to Top
CIM LOGO