Artemis 1Nasa verréckelt Moundmissioun op onbestëmmten Zäit

RTL Lëtzebuerg
Nodeems de Start zwee Mol wéinst technesche Problemer annuléiert gouf, huet d'Nasa sech entscheet, d'Moundrakéit nächst Woch net an den All ze schécken.
© NASA/AFP/File/Handout

D’Nasa huet d’US-Moundmissioun op onbestëmmten Zäit no hanne verréckelt. Dat, nodeems de Start e Samschdeg wéinst engem Lach an engem Rouer an d’Waasser gefall ass. Wéi et vum Nasa-Manager Bill Nelson heescht, kéint d’Rakéit wuel eréischt Mëtt oder Enn Oktober starten. Ugangs dës Mounts ass de Cape Canaveral nämlech nach fir eng Rees a Richtung ISS reservéiert.

Nëmmen e puer Stonne virum geplangte Start e Samschdeg huet d’Nasa de Vol a Richtung Mound missen annuléieren. E Méindeg hat de Start schonn eng Kéier misse verréckelt ginn, well en technesche Problem net mat Zäite konnt geléist ginn. Déi zweete Kéier soll et un enger Fuite beim Sprit geleeën hunn, déi net konnt gestoppt ginn.

D’Rakéit ass Deel vun enger Test-Missioun mam Numm Artemis 1, déi elo mol ouni Equipage u Bord a Richtung Mound soll geschéckt ginn. Mëttelfristeg wëll ee sech nämlech esouwäit kënnen um Mound installéieren, dass ee vun do aus weider a Richtung Mars fléie kann.

Back to Top
CIM LOGO