
De Krater ass der US-Raumfaartautoritéit no warscheinlech duerch d’Eroffale vun der russescher Sonde “Luna-25" entstanen. D’Bild, wat en Donneschdeg den Owend verëffentlecht gouf, ass den Autoritéiten no vun der US-Moundsonde Lunar Reconnaissance Orbiter (LRO) opgeholl ginn, déi den Äerdtrabant zanter 2009 ëmkreest.
Experte vun der Nasa hu Biller vun der Mounduewerfläch verglach, déi virun an nom Aschlag vun der russescher Sonde opgeholl goufen, an hunn “een neie klenge Krater” um Mound entdeckt. De Krater hätt deemno een Duerchmiesser vu ronn zéng Meter an ass 400 Kilometer vun der geplangter Landeplaz vun der Sonde “Luna-25" ewech.
Well de Krater an der Géigend läit, wou ee vermutt, datt d’Sonde erofgefall ass, ginn d’Nasa-Experten dovunner aus, datt e vun der Sonde “Luna-25" an net vun engem Meteorit ass.
Knapp 50 Joer no der erfollegräicher Moundmissioun vun der UdSSR war déi knapp 800 Kilogramm schwéier Sonde viru knapp zwou Wochen op d’Mounduewerfläch erofgefall.
D’Luna-25 sollt als éischt Sonde um Südpol vum Mound landen an op d’mannst ee Joer do bleiwen, fir Buedemprouwen ze huelen an ze analyséieren.