Preparatioune fir de grousse MatchNeien FLF-Bus, Luxus-Hotel fir d'Mannschaft an Extrawurscht fir däitschen RTL
Schonn den Dag virum grousse Match steet am "Stade de Luxembourg" alles am Zeeche vum Futtballlännermatch Lëtzebuerg-Däitschland an der WM-Qualifikatioun.
Neien FLF-Bus, Luxus-Hotel fir d'Mannschaft an Extrawurscht fir däitschen RTL
Schonn den Dag virum grousse Match steet am “Stade de Luxembourg” alles am Zeeche vum Futtballlännermatch Lëtzebuerg-Däitschland an der WM-Qualifikatioun.
Nieft dem Training an de Pressekonferenzen hunn och d’Tëleeschaînë sech op d’Iwwerdroung preparéiert. Eng Iwwerdroung, déi anescht wäert si wéi soss, dat well den däitschen RTL hir eege Produktioun op Lëtzebuerg bruecht huet.
Nei wäert och de Bus si mat deem d’Rout Léiwen e Freideg den Owend an de Stadion gefouert ginn. Dee gouf en Donneschdeg de Moie beim Siège vun der FLF zu Monnerech presentéiert.
Neie Bus fir d'Lëtzebuerger Futtballnationalekipp (13.11.25)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
A kuerz no 17 Auer um Donneschdeg den Owend ass dann och déi däitsch Mannschaft mat engem Lufthansa-Fliger vu Braunschweig sécher um Findel gelant a gouf an e Luxus-Hotel op de Kierchbierg gefouert.
Arrivée vun däitscher Nationalekipp zu Lëtzebuerg (13.11.25)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
De Jeff Kettenmeyer huet Detailer zu dëse Geschichte ronderëm de grousse Match.