Eegene Rekord geklapptNepaleseschen Alpinist war 30 Mol um Mount Everest

RTL Lëtzebuerg
De Kami Rita Sherpa huet et gepackt, säin eegene Rekord ze briechen an zwar als Persoun, déi am heefegsten um héchste Bierg vun der Welt war.
© AFP

De 54 Joer alen nepaleseschen Alpinist a Sherpa, ass e Mëttwoch fir déi 30. Kéier op der Spëtzt vum 8.849 Meter héije Mount Everest ukomm. Dat huet Seven Summit Treks, den Organisateur, der AFP matgedeelt. Eréischt viru knapp 10 Deeg, war hie fir déi 29. Kéier eropgeklommen.

“Ech sinn iwwerglécklech iwwer mäi Rekord, ma Rekorder ginn um Enn gebrach”, hat hien nach bei der 29. Kéier um Mount Everest gesot. Natierlech géif et hie freeën, dass hie säi Rekord selwer gebrach huet. Et géif hien och freeën, dass dëst hëlleft, den Nepal an der Welt méi bekannt ze maachen.
De Kami Rita Sherpa ass an engem Duerf am Himalaya opgewuess a schafft zanter iwwer 20 Joer als Guide. De Mount Everest ass hien 1994 fir d’éischt eropgeklommen an zanterhier koum hien all Joer zeréck, dacks fir auslännesch Alpinisten ze begleeden. Donieft huet hie selwer nach aner Bierger bezwongen, dorënner de K2, den zweethéchste Bierg op der Welt.

Am Nepal fënnt een nieft dem Mount Everest 7 weider vun den 10 héchste Bierger weltwäit. Fir dës Fréijoerssaison, déi vun Abrëll bis Juni geet, hunn déi zoustänneg Autoritéite scho 419 Lizenze verdeelt. Déi meescht vun dësen Alpiniste gi vu lokale Sherpas begleet. Zanter dem Ufank vun der Saison sinn och scho 5 Alpinisten um Mount Everest ëm d’Liewe komm.

D’lescht Joer sinn iwwer 600 de Bierg eropgeklommen, allerdéngs sinn der och 18 ëmkomm - esou vill wéi nach ni virdrun.

Back to Top
CIM LOGO