Firma vum Elon MuskNet alles riicht gelaf mat Gehierimplantat vun Neuralink

RTL Lëtzebuerg
Dem Elon Musk seng Firma fir Medezintechnik Neuralink hat am Januar engem Mann en Implantat an d'Gehier gesat. Kuerz drop koum et zu Komplikatiounen.

Den Chip vun Neuralink soll Leit an d’Gehier agesat ginn, déi komplett geläämt sinn. Mat Hëllef vun dësem Implantat solle Betraffener duerch hir Gedanken e Computer oder Handy steiere kënnen. Nodeems dëst Implantat bei Afe getest gouf, krut Neuralink d’lescht Joer d’Erlabnis, den Chip an enger medezinescher Etüd och u Mënschen ze testen.

Am Januar 2024 du gouf engem Mann esou en Implantat agesat an d’Firma Neuralink huet an hirem Blog och matgedeelt, wéi dës Testphas verleeft. Deemno kéint de Mann, dee geläämt ass, mat Hëllef vum Implantat elo am Internet surfen an online mat Kolleegen ënnert anerem Schach a Mario Kart spillen.

© Neuralink

Dass et an den éischte Wochen no der Operatiounen zu Komplikatioune koum, dovu war awer keng Ried. Op alle Fall net, bis déi amerikanesch Zeitung “Wall Street Journal” dovu gewuer gouf an Neuralink domat konfrontéiert huet.

Doropshin huet dem Elon Musk seng Firma fir Medezintechnik an hirem Blog matgedeelt, dass sech no der Operatioun tatsächlech e puer Elektrode geléist hunn an doduerch d’Vitess vun der Technik sech verännert hätt. Dëst hätt een awer mat Upassunge vun der Software opgefaangen. Esou dass de Mann d’Implantat weider notze kann a weider un der Etüd deelhëlt.

Den Chip vun Neuralink huet 1.024 Elektroden, déi mam Gehier vum geläämte Patient verbonne ginn. Domat wéilt een an Zukunft kierperlech schwéier beaschränkte Mënschen hëllefen, e bësse selbststänneg kënnen ze sinn.

Back to Top
CIM LOGO