
Déi laang unhalend Dréchent souwéi den doraus resultéierenden niddrege Waasserstand hunn d’Liwwerenkpäss am däitsche Giddertransport verschäerft. Schëffer, déi vollbelueden op den däitsche Flëss ënnerwee wieren, géife riskéieren, op Gronn ze lafen. Dowéinst huet de Sekretär vum Bundesverband der Deutschen Binnenschifffahrt matgedeelt, datt Schëffer nëmmen nach zu 50 Prozent belueden dierfe ginn. Weider schwätzt hie vun enger “Kleinwassersituation”, wat bedeite géif, datt d’Chargen op nach méi Schëffer verdeelt musse ginn. Allerdéngs géifen doduerch d’Wuere méi deier ginn, well d’Käschte fir den Transport klamme wäerten. Weider géife wichteg Gidder fir d’Industrie, wéi beispillsweis Kuel oder Weess, mat Verspéidung bei de jeeweilege Betriber ukommen.
Dës Enkpäss komme fir déi däitsch Wiertschaft ganz ongeleeën. Esou ass an Zäiten, wou Gas knapp gëtt, d’Kuel déi wichtegst Energiesource an Däitschland. Sollt et elo zu Liwwerenkpäss bei der Kuel kommen, kéint d’Energieversuergung an Däitschland relativ knapp ginn.