GroussbritannienNigel Farage ka sech a Wale géint satiresche Kandidat "Count Binface" duerchsetzen

AFP, iwwersat vun RTL
De "Count Binface" gouf vum Komiker Jon Harvey an d'Liewe geruff, fir mat Humor a Satir op politesch Themen opmierksam ze maachen.
Nigel Farage ka sech a Wale géint satiresche Kandidat "Count Binface" behaapten
De "Count Binface" gouf vum Komiker Jon Harvey an d'Liewe geruff, fir mat Humor a Satir op politesch Themen opmierksam ze maachen.

De brittesche Rietspopulist Nigel Farage huet d'Niewewal zu Clacton-on-Sea am Oste vun England gewonnen, dëst fir e Sëtz am brittesche Parlament. Hie krut 22.239 Stëmmen, wärend de satiresche Kandidat "Count Binface" (Grof Poubellesgesiicht) iwwerraschend op déi zweet Plaz koum mat 9.455 Stëmmen. De "Count Binface" ass eng satiresch Kultfigur aus der brittescher Politik. De Komiker Jon Harvey kandidéiert ënnert deem Numm bei Walen a mécht mat Humor a Satir op politesch Themen opmierksam. Bei de leschte Walen zu Makerfield koum de Count Binface op 95 Stëmmen, deemno hätt een lo der 10 Mol méi gesammelt.

D'Walbedeelegung louch bei 44 Prozent a war domat méi niddereg wéi bei de reguläre Walen 2024, wat bei Niewewalen net ongewéinlech ass.

Bei dëser Wal waren haaptsächlech onofhängeg Kandidaten dobäi, well déi etabléiert Parteien d'Ofstëmmung boykottéiert haten. Si hunn d'Niewewal als PR-Aktioun kritiséiert an dem Farage virgeworf, datt hie sech enger Kontroll vu senge Finanze wéilt entzéien.

D'Niewewal gouf néideg, nodeems de Farage säi Mandat als Deputéierte néiergeluecht hat. Géint hie ginn et Virwërf wéinst net deklaréierte finanzielle Leeschtungen. Wéinst sengem Récktrëtt goufen déi parlamentaresch Ermëttlunge géint hien bis no der Niewewal ausgesat.

De Farage huet d'Virwërf als "Verleumdungskampagne" bezeechent a seng Campagne ënnert de Slogan "Vollek géint den Establishment" gestallt. Nach virun der offizieller Annonce vum Resultat huet hie sech schonn als Gewënner feiere gelooss. Hie war iwwerdeems net present, wéi d'Resultater verëffentlecht goufen.

Back to Top
CIM LOGO