"Boy in the box"No 65 Joer konnt US-Police Identitéit vu Läich feststellen

RTL Lëtzebuerg
Et ass ee vun den eelste ongeléiste Mordfäll an der Geschicht vun der US-Metropol Philadelphia.

An elo hunn d’Ermëttler en eventuell grousse Fortschrëtt gemaach, andeem si d’Identitéit vum “boy in the box” erausfonnt hunn. De Kierper, deen 1957 an enger Kartrongskëscht fonnt ginn ass, konnt mat Hëllef vun DNA-Spueren als de Joseph Augustus Zarelli identifizéiert ginn. De Kartrong war deemools an enger ländlecher Géigend ëm Philadelphia entdeckt ginn.

Duerch d’DNA vum Jong konnt ee seng Famill ermëttelen an och de Gebuertscertificat erëmfannen. D’Famill lieft am Weste vu Philadelphia. De Joseph Augustus Zarelli gouf den 13. Januar 1953 gebuer. Béid Eltere vum Jong sinn antëscht dout, ma nach e puer vu senge Geschwëster liewen nach. Een Ermëttler sot, et géif e Verdacht ginn, wien den Täter oder d’Täterin kéint sinn, huet awer keng Detailer genannt. Obwuel an dësem Fall scho vill Jore vergaange sinn, kann an den USA nach ëmmer eng Persoun wéinst Mord ugeklot ginn.

1957 gouf d’Läich vum Zarelli an enger Këscht fonnt, ouni Kleeder, dofir awer an eng Decken agewéckelt. Weider konnte Spuere vu Schléi nogewise ginn, déi wuel och d’Doudesursaach waren. Dat hat en Ermëttler d’lescht Joer der Tëleeschaîne CBS matgedeelt. D’Affer wier och gewäsch ginn an hätt d’Hoer geschnidde kritt. D’Ermëttlunge lafen zanter 65 Joer, dat awer bis viru kuerzem ouni gréisseren Duerchbroch.

Back to Top
CIM LOGO