
De Festival Luminescences am Zoo vun Amnéville steet dëst Joer ënner dem Thema Fiesta Latina. Nom Sonnenënnergang kënnen d’Visiteuren eng Rees duerch Latäinamerika erliewen, mat bal 10.000 hell beliichte Figuren, Déieren a Planzen, déi d’Kulisse vum Mexiko, Brasilien, tropesche Dschungel oder de Galapagos-Inselen nostellen.
D’Statuen, déi sech vu Capoeira-Dänzer bis hin zu der villfälteger Vegetatioun inspiréiert hunn, schafen eng festlech Atmosphär. Déi passend Musek kéint een dann och nach dozou bréngen, spontan e bëssen ze danzen.
De Parcours vun ronn 1,5 Kilometer, fir deen een eng 90 Minutten aplange kann, ass faszinéierend opgebaut an erënnert een geleeëntlech un d’Universum aus dem Film “Avatar”. Grouss a Kleng bleiwen ëmmer nees stoen, fir déi kleng Figuren oder déi monumental Kulissen ze bewonneren.
Passend zum Thema kann een zum Schluss vun der Wanderung südamerikanesch Spezialitéite probéieren.