Wéi am Action-FilmNo Sträit tëscht 2 Automobilisten: Jonke Mann fiert 4 Kilometer op Capot mat

RTL Lëtzebuerg
E Sträit tëscht 2 Chaufferen am sächsesche Vogtland ass eskaléiert. Um Enn ass ee vun hinnen um Capot gelant a wollt partout net lassloossen.
© AFP Archivbild

Wéi d’Police vun Zwickau e Méindeg präziséiert, konnt en 23 Joer jonke Mann sech iwwer 4 Kilometer festhalen, obschonn de Mann hannert dem Steier duerch Ofbremsen a Gasginn probéiert huet, hin do erof ze kréien.

De Sträit war op der Autobunn 72 ugaangen. Do war de Won vun engem 59 Joer ale Mann widder den Auto vum jonke Chauffer komm. Dobäi ass ze bemierken, dass den eelere Här gedronk hat, wéi sech nom Virfall erausgestallt huet.

Béid Chauffere si fir d’éischt emol stoe bliwwen an hunn ugefaangen ze streiden. Den alkoholiséierte Mann wollt weiderfueren, ma de jonke Chauffer huet sech virun d’Gefier gestallt an ass kuerz drop um Capot gelant. Déi aventuriéis Faart war wéi gesot no 4 Kilometer an engem Chantiersberäich eriwwer. Do ass och d’Police derbäi komm.

De Mann muss ech wéi Gefor vum Stroosseverkéier veräntweren.

Back to Top
CIM LOGO