
Dës waren an éischter Linn d'Renovatioun an d'Usträichaarbechte vun der Schoul, awer och d'Renovatioun vun der Spillplaz an dem Fussballsterrain. Weder d‘Hëtzt, nach d‘Iwwerschwemmungen, feelend Elektrizitéit a Waasser hätten d'Energie fir de Projet geholl. Et hätt een Hand an Hand zesumme geschafft an d‘Resultat kéint sech weise loossen.
D'Guiden a Scouten, déi am Asaz waren, soen ee grousse Merci un all d'Supporter a finanziell Donen, mat deenen nach déi reschtlech Aarbechte fäerdeg gemaach ginn. Duerch dës zwou Wochen ass de kulturellen Echange tëscht de Lëtzebuerger Guiden a Scouten weider erhale bliwwen.
Leschten Donneschdeg haten d'Scouten op der Plaz dann och d‘Éier, déi lëtzebuergesch Ambassadrice fir de Senegal bei eis ze begréissen an hier souwuel eis Resultater am CREPE, ewéi och eis Camp-Plaz ze weisen. 1988 koumen d'Lëtzebuerger Guiden a Scouten fir d'éischt an de Senegal. Doduerch ass och d'ONGD "Guiden a Scouten fir eng Welt" entstanen.
Et wier ee stolz a stolz, bei dësem Projet konnten deelzehuelen an et wier een immens dankbar fir all eis Ënnerstëtzer, virop de Verband, d'ONGD an och d'Partner am Senegal "Les jeunes éclaireurs et éclaireuses du Sénégal".
Mat villen Erënnerungen, neie Frëndschaften an enger grousser Satisfaktioun trieden d'Lëtzebuerger e Méindeg hir Heemrees un a kënnen op zwou immens wäertvoll Wochen zréckkucken.