Treffe mam Senator Chris CoonsOlaf Scholz trëfft an den USA säin Doppelgänger

RTL Lëtzebuerg
Bei senger Visitt zu Washington sollt et eigentlech ëm d'Militärhëllef fir d'Ukrain goen. Dobäi ass hien allerdéngs op e bekannt Gesiicht gestouss.
Den Etienne Schneider an den Najeeb Al-Ali (directeur exécutif du bureau Expo 2020 Dubaï)
Den Etienne Schneider an den Najeeb Al-Ali (directeur exécutif du bureau Expo 2020 Dubaï)
© SIP / Jean-Christophe VERHAEGEN

Wärend de Gespréicher ass den däitsche Bundeskanzler op säin Doppelgänger getraff. Den US-Senator Chris Coons änelt dem Politiker immens. Dëse Moment notzen déi zwee fir eng Erënnerungsfoto.

“Et ass super, mäin Doppelgänger nees ze gesinn - Chris Coons”, schreift den Olaf Scholz op de soziale Medien. Um Profil vum Senator ass den original Selfie ze gesinn. Dobäi schreift hien “Wien ass wien?”. Déi zwee hate sech allerdéngs net fir d’éischt gesinn.

Lëtzebuerger Politiker suerge fir Verwiesslungsgefor

Scho virun 10 Joer hat de Xavier Bettel fir änlech Noriichte gesuergt. Den englesche Medie war deemools opgefall, dass hien an den David Cameron sech gläichen.

Den David Cameron an de Xavier Bettel
Den David Cameron an de Xavier Bettel
© EU-Sommet

2017 ass dunn d’Fro opkomm, ob den Etienne Schneider net och villäicht en heemlechen Zwillingsbrudder an den Emiraten hätt.

Den Etienne Schneider an den Najeeb Al-Ali (directeur exécutif du bureau Expo 2020 Dubaï)
Den Etienne Schneider an den Najeeb Al-Ali (directeur exécutif du bureau Expo 2020 Dubaï)
© SIP / Jean-Christophe VERHAEGEN

Etienne an “Zweetienne": Huet den Etienne Schneider en heemlechen Zwillingsbrudder?
“MPs in a pod": Bettel a Cameron bei der Gebuert getrennt?

Back to Top
CIM LOGO