Am engleschen Tabloid-Blat "Daily Mail" gouf bemierkt, datt déi 2 Premieren, déi dës Woch zu Bréissel zesummen op engem EU-Sommet waren, sech gläichen.

D'Daily Mail schwätzt vum Cameron-"Doppelgänger" Xavier Bettel. Dernieft géif et nach aner Ähnlechkeete ginn: Allebéid wieren an enger ongewinnter Regierungskoalitioun. De Journalist vum Tabloid versicht dann nach dës Parallelen weiderzespënnen, andeems hie bemierkt, datt de Lëtzebuerger Premier och als Affekot ugefaang huet...genee wéi den eelere Brudder vum David Cameron. Marvelous.