
“Potentiellt Liewen” gouf geklaut, stoung am Rapport vun der Police. Wéi e Spriecher vun der Police matdeelt, gouf et keng Abrochspueren an d’Befruchtung vun der Kou huet misse verréckelt ginn. Elo gëtt ermëttelt, ob de Sperma fachgerecht gekillt oftransportéiert gouf a méiglecherweis um Marché ugebuede gëtt. Fir den Transport wier nämlech flëssege Stéckstoff néideg, fir datt de Sperma net ofstierft.
Et ass zwar eng kuriéis Geschicht, ma fir de Bauer bedeit den Déifstall awer duerchaus e grousse Verloscht. D’Präisser fir eng Portioun Stéier-Sperma leien dem Landwirtschaftsministère no jee no Ofstamung vum Déier tëscht 30 an 100 Euro.