
D’Besëtzerin vum ongewéinlechen Auto, eng Doudegriewerin, hat an der Nuecht e Kaméidi an hirem Betrib héieren. Si huet de Geräischer awer sos keng weider Opmierksamkeet geschenkt.
De Moien duerno huet si dann den Déifstall vum Oldtimer bemierkt. Wei d’Täter an d’Garage era koumen, ass nach onkloer. D’Déif hunn ausserdeem nach en E-Bike matgeholl. Géint 5.45 Auer gouf den Auto vun engem Zeie gesinn, deemno hat de Läichewon technesch Problemer. De Chauffer soll breet gebaut gewiescht sinn.