Wéinst AlbdreemOnéierlecher ginn aus Hindu-Tempel geklaute Götter-Statuen zeréck

RTL Lëtzebuerg
Vum Moment un, wou d'Männer déi Statuen aus dem Tempel geklaut hunn, hu si eegenen Aussoen no andauernd Albdreem.
© AFP

Déi leschte Woch goufe 16 Statue vum Gott Balaji aus engem 300 Joer alen Hindu-Tempel an der Regioun Uttar Pradesh geklaut, dat huet e Policespriecher confirméiert. E Méindeg den Owend hunn déi Onéierlech 14 vun de Figure virum Haus vum ieweschte Priister hannerlooss.

Donieft louch der Police no e Bréif, an deem déi Onéierlech matgedeelt hunn, datt si zanter hirer Dot Albdreem hätten. “Mir konnten net méi schlofen, iessen oder e friddlecht Liewe féieren”, schreiwen d’Täter. “Mir hu genuch vun de béisen Dreem a ginn dowéinst dës Statuen zeréck.”

Back to Top
CIM LOGO