
Vun den Honnerte vun Dausende vu Moslemen, déi dës Woch zu Mekka ukommen fir déi alljärlechen Hadsch-Pilgerfaart, hat kee méi eng ustrengend Rees wéi den Adam Mohammed, en 53 Joer alen Elektrotechniker aus Groussbritannien.
De Mohammed, mat irakesch-kurdescher Originnen, huet d’lescht Joer decidéiert, zu Fouss bis a Saudi Arabien ze reesen, eng Rees vu méi wéi 7.000 Kilometer, déi hien duerch néng Länner bruecht huet, ier hien aus Jordanien an déi nordwestlech saudiarabesch Stad Tabuk gaangen ass.
Eréischt am Abrëll dëst Joer huet Saudi Arabien ugekënnegt, datt eng Millioun Moslemen, abegraff 850.000 aus dem Ausland, bei der Hadsch-Pilgerfaart deelhuele kënnen. Als Deel vun den Efforten, fir d’Coronavirus-Pandemie ze reduzéieren, hat Saudi Arabien am Joer 2020 an 2021 de Pilger den Zoutrëtt verbueden.
“Meng Rees war ustrengend. Ech sinn op ville Plaze stoe bliwwen, fir mech auszerouen. Mä ech hu mech op eng Saach konzentréiert: Ech sinn 53 Joer al, ech kann 11 Méint op der Strooss verbréngen, wann ech esou d’Haus vum Gott erreechen kann. Et ass machbar.”
De Mohammed sot, datt déi saudesch Autoritéiten him, senger Fra a sengen zwou Duechteren, déi aus Groussbritannien an d’Regioun geflu sinn, e Permis ginn hunn, fir um Hadsch deelzehuelen. Den Hadsch besteet aus enger Serie vu reliéise Ritualer, déi zu Mekka an an der Ëmgéigend ofgehale ginn.
Déi meescht Auslänner, déi um Ritual deelhuelen, goufen iwwert eng Lotterie ausgewielt.

Als eng vun de fënnef Saile vum Islam muss den Hadsch vun all Moslem, dee kierperlech capabel ass, op d’mannst eemol an hirem Liewe duerchgefouert ginn. Pandemesch Restriktiounen haten d’Pilger ausserhalb vu Saudi Arabien gezwongen, hir Pläng ze verréckelen.
Normalerweis ugesinn als déi gréisst reliéis Versammlung vun der Welt, haten ongeféier 2,5 Millioune Leit am Joer 2019 beim Hadsch matgemaach, ier d’Pandemie ugefaange huet. D’Joer drop goufen Auslänner blockéiert an d’Gesamtzuel vun de Leit gouf op 10.000 reduzéiert. 2021 ass dës Zuel op 60.000 voll geimpft Bierger an Awunner reng aus Saudi Arabien geklommen.
Den Hadsch ze organiséieren, ass eng Saach vu Prestige an eng mächteg Quell vu Legitimitéit fir d’Herrscher vu Saudi Arabien.

De Verbuet vun auslännesche Pilger huet eng déif Enttäuschung bei de Mosleme verursaacht, déi jorelaang spueren, fir matzemaachen.
Et ginn awer nach e puer Restriktiounen dëst Joer: D’Participantë musse Moslemen ënner 65 Joer sinn, déi voll geimpft sinn an en negative Covid19-PCR-Test ofginn, deen innerhalb vun 72 Stonne virun der Rees gemaach gouf.
Den Hadsch fänkt offiziell e Mëttwoch un a Mekka ass scho mat Pilger iwwerfëllt, déi erliichtert sinn, endlech hir Destinatioun no laangen, stressegem Waarden erreecht ze hunn.