De François Ramaekers ass en Enseignant aus dem Lycée Technique du Centre. Hien huet d’ONG ABRAM gegrënnt an domat eng sëllegen humanitär an ekologesch Projeten an d’Liewe geruff.
Wann de Fränz net grad um Lampertsbierg Schoul hält, da wunnt a schafft hie mat senger Fra an Duechter a Brasilien. E Liewen, wat ganz aneschters ass, wéi dat heiheem a wou hien all Dag op en Neits drun erënnert gëtt, wéi wäertvoll d’Natur ëm eis ronderëm ass a wéi wichteg et ass, dës och z’erhalen.