Op den den éischte Bléck kléngt et wéi eng “Mission impossible”. Zwee Mataarbechter aus dem Naturmusée wëllen hei am Land e Meteorit fannen. An dës Decouverte och a Bild an Toun festhalen. Anscheinend fënnt een där Meteoritten iwwerall am Land. Firwat d’Sich nawell net esou einfach ass? Mir hu si op engem Daach zu Jonglënster a bei de Mikroskop am Naturmusée begleet an eng iwwerraschend Decouverte gemaach.