
Fir déi 8. Editioun kënne bis zu 15 jonk Leit aus Däitschland, Frankräich, Lëtzebuerg an der Belsch matmaachen. De Fokus läit déi Kéier um “Asaz vun der KI am Journalismus - Chancen a Risiken”. De Jan Hofer, fréieren Noriichtespriecher vun der “Tagesschau”, iwwerhëlt nees de Patronage.
Bis dënschdes den 30. Abrëll kënne sech Intresséierter aus der Groussregioun mat engem Motivatiounsschreiwes, enger Tounopnam, engem Video oder soss enger origineller Aart a Weis beim MedienNetzwerk SaarLorLux e.V. umellen. Déi 15 Participante gi vun engem onofhängege Jury ausgewielt. Deelhuelen ass gratis

Vu Mee bis Oktober kann een dann e puer Deeg an engem 7 Deeler ëmfaassende Programm matmaachen, wou et ee Bléck hannert d’Kulisse gëtt an enger Partie Medienhaiser. Bei RTL ass dat den 20. September.
Dernieft geet et ëm de sënnvollen a responsabelen Ëmgang mat Kënschtlecher Intelligenz mat alle Medien-etheschen a -rechtleche Froen, déi esou en Asaz mat sech bréngen.
De Projet “Media & Me” gëtt organiséiert vum MedienNetzwerk SaarLorLux a Partenariat mat enge 26 Entreprisen an Institutiounen aus der Groussregioun.