
Schonn duerch en direkten ongeschützte Bléck an d'Sonn kënnen no kuerzer Zäit permanent Schied un der Netzhaut entstoen. Bei enger Sonnendäischtert hëlleft awer och kee Sonnebrëll, egal wéi eng Däischtert en huet, betount d'Opticienne optométriste Sandy Wenzel. "Et geet op kee Fall duer. Do muss ee schonn déi speziell Brëller hu mat deene spezielle Filteren. Déi hunn och eng gewëssen ISO-Norm. Do muss een och oppassen, dass een do net iergendwellech keeft, wou bëlleg um Internet ze kréie sinn, mee déi musse schonn ISO-genormt sinn."
E Grond, firwat vill Leit d'Sonnestralen dacks ënnerschätzen, ass, datt "d'Netzhaut keng Schmerzrezeptoren" huet. Doduerch mierkt een net, dass ee sech verletzt huet. "Mee et mierkt een et eréischt, wann d'Netzhaut verbrannt ass oder Schied dru sinn, wann et scho laang ze spéit ass."
Et sollt een dowéinst "op kee Fall probéieren" ouni spezielle Brëll an d'Sonn ze kucken.

Op wat muss ee beim Kaf vun engem Brëll fir d'Sonnendäischtert oppassen?
Am beschte keeft een esou e Brëll beim Optiker. Déi richteg Brëller hunn e ganz schwaarze Filter, duerch deen ee "guer näischt duerch gesäit". "An déi sinn extra dofir gemaach, fir kënnen domadder an d'Sonnestralen ze kucken." Bei Kanner sollt een och besonnesch gutt oppassen, datt de Brëll richteg sëtzt. D'Brëller fir Sonnendäischterte sinn all eng Gréisst, erkläert d'Sandy Wenzel. Si réit de Brëll hanne mat engem Lastik festzemaachen, fir sécher ze goen, datt d'Kanner just duerch d'Filterfolie kucken.
Ginn et Alternativen, falls ee kee Brëll huet?
Eng Alternativ wier ënnert anerem eng "Lochkamera". "Also e grousst Stéck Kartong zum Beispill an e klengt Lach dra maachen an dat an d'Sonn halen an da muss dee Stral awer op enger wäisser Tapéit oder esou reflektéieren an da kann een d'Sichel vun der Sonnenfinsternis och do kucken." Awer och bei esou Alternativen ass et wichteg dorop opzepassen, datt een "ni an d'Sonn" kuckt, betount d'Sandy Wenzel.