
Kaméidi huet en Afloss op eis Gesondheet a Liewensqualitéit. Ze vill Kaméidi huet negativ Auswierkungen.
Am Kader vum internationalen “Noise Awareness Day”, bei dem et drëms geet, op d’Effekter vu Kaméidi op eist Gehéier opmierksam ze maachen, ma och op Gesondheet a Liewensqualitéit, wëlle mir vun Iech wëssen, wéi Dir an ärem Alldag vu Kaméidi betraff sidd.
Maacht mat bei eiser Ëmfro an deelt eis Är Erfarunge mat. Wéi erlieft Dir d’Situatioun a wat ass an Ärer Gemeng bis elo ënnerholl ginn, fir de Kaméidi ze reduzéieren?
D’Weltgesondheetsorganisatioun bezeechent “Kaméidi” als eng ënnerschate Gefor, déi verschidden akut wéi och Laangzäit-Gesondheetsproblemer kéint ausléisen. Zum Beispill Schlofstéierungen, kardiovaskulär Auswierkungen, Gehéierstéierungen an eng Reduzéierung vun der Léier- an Aarbechtskapazitéit.
D’WHO recommandéiert manner wéi 30 dB(A) am Schlofzëmmer wärend der Nuecht, fir dass ee gutt schlofe kann a manner wéi 35 dB(A) an de Klassesäll, fir dass ee gutt ënnerriichten a léiere kann.
Et gëtt geschat, dass 40 Prozent vun der Populatioun an der EU Stroossekaméidi vu méi wéi 55 dB(A) ausgesat ass, 20 Prozent Dezibel-Wäerter vu méi wéi 65 dB(A) am Dag a méi wéi 30 Prozent Wäerter vu méi wéi 55 dB(A) an der Nuecht.
D’Ëmweltverwaltung huet am Mäerz dëst Joer nei Kaméidiskaarte publizéiert. RTL huet doriwwer bericht an d’Kaarte sinn op Geoportail ze fannen.
RTL-News: Nei “Kaméidiskaarten” vu Lëtzebuerg - Op enger Partie Plaze besteet Handlungsbedarf