Croissance fir Lëtzebuerg erwaartOuni Migratioun géif d'EU-Populatioun bis 2070 ëm ee Fënneftel zeréckgoen

RTL Lëtzebuerg
Wärend d'Populatioun EU-wäit bis 2070 ofhuele soll, gëtt sech fir Lëtzebuerg bis dohin eng staark Croissance erwaart.
© RTL-Archiv

Dem däitsche Statistesche Bundesamt no géif d’Populatioun an der EU ouni Migratioun bis 2070 ëm gutt ee Fënneftel op dann nach 358,4 Millioune Mënschen zeréckgoen. Ma och wann d’Migratioun bis dohi stabil um aktuellen Niveau bleift, rechent déi däitsch Statsitiksagence mat engem Réckgang vu ronn véier Prozent. Deen Ament géifen dann nach ronn 432,2 Millioune Mënschen an der EU liewen. An der aktueller Nettozouwanderung kommen d’Joer ronn 1,2 Millioune Mënschen an d’EU.

Tëscht de verschiddenen EU-Länner sinn dobäi awer däitlech Ënnerscheeder virausgesot: Wärend zu Lëtzebuerg, awer och op Malta, a Schweden an an Irland mat enger däitlecher Croissance vun der Populatioun ze rechnen ass, géif d’Bevëlkerung virun allem an Ost- an a Südeuropa erofgoen. D’Populatioun an Däitschland bleift dogéint de Previsiounen no relativ stabel bei engem Réckgang vun 0,4 Prozent.

D’Populatioun gëtt méi al

Bis 2070 sollen et awer net just manner Leit an der EU ginn, d’Populatioun soll och méi al ginn. Den Undeel vun der EU-Bevëlkerung am Alter vu 65 Joer oder driwwer soll de Previsiounen no bis 2070 vun 21,2 Prozent an der Basisvariant op dann 30,5 Prozent eropgoen. Déi meeschten eeler Leit soll et deemno a Litauen, Italien a Portugal ginn. Déi jéngste Populatioun gëtt fir Schweden, Frankräich an Dänemark virausgesot.

Back to Top
CIM LOGO