
Dëst huet d’Police e Méindeg matgedeelt. Deemno sollen d’Abriecher an een Haus agebrach sinn, hunn dëst dunn awer rëm verlooss, ouni eppes matzehuelen. Ee Papagei, deen “Hallo” an “Na, du!” soe konnt, kéint de Grond heifir gewiescht sinn. Méiglecherweis huet hien d’Täter bei hirem Dreiwe gestéiert.
Der Police no soll den Abroch an der Nuecht vu Freideg op e Samschdeg geschitt sinn. D’Poliziste selwer, déi d’Dot ënnersiche wollten, goufe vum Villchen och mat “Hallo” an “Na, du!” begréisst.