Schleswig-HolsteinPapp léist Bouf vun aacht Joer mam Auto fueren

RTL Lëtzebuerg
E puer Manöver huet de klenge Bouf dierfte maachen, huet d'Police matgedeelt. En Zeien hat dat gesinn an d'Autoritéiten alarméiert.

Dem Zeien no war de Bouf eleng am Auto an huet ageparkt, wärend Erwuessener him dobäi “begeeschtert” nogekuckt hunn.

Wéi d’Beamten op d’Plaz koumen, hat de klenge Bouf de Won nees verlooss. Am Ufank hunn d’Leit op der Plaz nach ausgesot, datt d’Behaaptunge vum Zeie falsch wieren, dono huet de Papp awer zouginn, datt hie säi Bouf hannert d’Steier gelooss hat. Och huet hie sech bei de Beamten entschëllegt a versprach, dëst net méi ze maachen. Ermëttlunge goufen awer an d’Weeër geleet.

Back to Top
CIM LOGO