
De Fouss wier an engem Schong gewiescht a wier op der Uewerfläch vun der ronn 60 Grad waarmer Thermallquell Abyss Pool geschwommen, sou déi Responsabel vum Park e Freideg. Déi bis ewell Ënnersichungen deiten op een Ongléck ouni Friemawierkung hin, huet et weider geheescht.
Déi Responsabel vum Park hunn am Zesummenhang mat der Decouverte nach emol d’Opfuerderung widderholl, fir den Thermalquellen net ze no ze kommen. D’Visiteure solle sech an der Géigend vun de Quellen nëmmen op den offizielle Weeër a Plaze beweegen. De Buedem an der Géigend vun den Thermalquelle wier dënn a kéint ofbriechen, ënnert der Uewerfläch ass waarmt Waasser.
D’Enquête ëm de Fouss geet weider. Éischten Erkenntnisser no kéint d’Decouverte mat engem Accident vum 31. Juli an der Géigend vum Abyss Pool zesummenhänken.
Am Yellowstone-Park, deem eelsten Nationalpark an den USA, kënnt et ëmmer nees zu Accidenter. 2016 war e jonke Mann gestuerwen, nodeems hien op engem Steeg ausgerutscht an an d’Thermalwaasser vum Norris Geyser Baseng gefall war. 2001 hunn zwee Visiteure misse wéinst Verbrennunge behandelt ginn.
De Yellowstone-Park huet ronn 9.000 Quadratkilometer a läit tëscht den US-Bundesstaaten Wyoming, Idaho a Montana. 2021 ware 4,8 Milliounen Touristen an d’Naturschutzgebitt komm.