Well de Bouf an der Schoul Kokain geholl huetParquet enquêtéiert géint de President vun Eintracht Frankfurt

RTL Lëtzebuerg
Nodeems dem Peter Fischer säin 13 Joer ale Jong an der Schoul Kokain geholl huet, ermëttelt d'Police géint hie wéinst Drogebesëtz.
© AFP

Géint de President vum däitsche Futtballveräin Eintracht Frankfurt, de Peter Fischer, gëtt wéinst dem Kaf a Besëtz vun Kokain ermëttelt. Säin 13 Joer ale Bouf hat d’Drog an der Schoul mat engem Kolleg konsuméiert.

Zousätzlech zum 66 Joer ale Fischer enquêtéiert de Parquet och géint seng Fra an de 25 Joer ale Jong. Enn Januar hat d’Police d’Wunneng vum Futtballfunktionär duerchsicht an op sengem Nuetsdësch Réckstänn vu Kokain fonnt.

Back to Top
CIM LOGO