
D’Decisioun fir de Verbuet ass en Donneschdeg vum Ieweschte Geriichtshaff getraff ginn. D’Eisebunnspersonal krut direkt den Uerder, fir en duerchzesetzen. Dat neit Gesetz gouf am Kader vun enger Anti-Korruptiouns-Campagne duerchgesat, dat virun allem déi staatlech Eisebunnsgesellschaft Bangladesh Railway viséiert.
Am Bangladesch ginn dacks d’Diecher vun den Zich genotzt, meeschtens fir keen Ticket mussen ze kafen oder wann d’Zich iwwerfëllt sinn. Géint Bestiechung gëtt dëst heefeg vum Zuchpersonal ignoréiert. Reegelméisseg kommen doduerch Mënschen ëm d’Liewen.