
Dës Stëftung soll dofir suergen, dass déi ökologesch Wäerter vun der Entreprise weiderhi respektéiert ginn. Weider Aktië vun der Outdoor-Kleedermark sollen ausserdeem un eng Ëmweltschutzorganisatioun goen, déi an Zukunft och vun de Recettë profitéiere kéint.
De Chouinard huet Patagonia viru bal 50 Joer gegrënnt. Ëmwelt- a Klimaschutz waren dobäi ëmmer wichteg Facteure bei der Hierstellung vun de Kleeder. Materialer goufen deemno minutiéis no ökologesche Krittären ausgewielt.
De Wäert vun der Entreprise gëtt op 3 Milliarden Dollar geschat. D’Famille Chouinard wäert keng Sue méi vun der Firma kréien, mä trotzdeem am Virstand vertruede bleiwen an d’Stëftung surveilléieren.