Däischtert KapitelZu Peenemünde hu Rakéiten d'Fléie geléiert

Tom Nols
Am "Historisch-Technisches Museum" zu Peenemünde op der däitscher Insel Usedom gesäit een d'Iwwerreschter vun der Rakéitenentwécklung aus NS-Zäiten.

Op der Ostséi ware mir nach ni. An do soll et dach sou schéi sinn, soen se. Also lass, eng Woch Usedom soll et fir dës Summervakanz sinn. Wéi mir um klenge Fluchhafen Heringsdorf landen, hu mir d'Gefill, d'Attraktioun vum Dag ze sinn. Zeg Leit sti beim noen Zonk an observéieren interesséiert de Fliger vun eiser nationaler Fluchgesellschaft. Dass de Site eng fréier Militärbase vun de Russen a vun der DDR ass, gi mir réischt spéider gewuer.

D'Plage vun Ahlbeck
D'Plage vun Ahlbeck
© Tom Nols

Wat mécht een op Usedom? Et fillt ee sech bësse wéi op der belscher Plage. Et ass schéin, et ass nawell roueg, meeschtens sonneg awer net iwwerdriwwe waarm, hei léisst et sech aushalen an déi meescht Leit sinn net méi déi Jéngst. Gehetzt ass keen. Offere fir Touriste ginn et der genuch, zum Beispill kann ee mam Vëlo eriwwer a Polen fueren. D'Grenz läit vun Ahlbeck, wou mir ënnerbruecht sinn, just 3 Kilometer ewech. Vill Leit kommen all Dag iwwer d'Grenz schaffen.

Dem Weltall ganz no

Op der zweetgréisster däitscher Insel no Rügen fënnt een och e Site, op deem et ëm en däischtert Kapitel geet aus der nach net all ze aler däitscher Geschicht. Am Norde vun Usedom läit Peenemünde. 1936 hat d'Wehrmacht hei de ganzen Norde vun der Insel fir sech beusprocht, fir do d'"Heeresversuchsstelle Peenemünde" (HVP) an d'"Versuchsstelle der Luftwaffe Peenemünde-West" anzeriichten. Allgemeng bekannt ass de Site bis haut als "Heeresanstalt Peenemünde", déi bis 1945 de gréisste militäresche Fuerschungszentrum an Europa war.

Um Daach vum ale Kraaftwierk zu Peenemünde
Um Daach vum ale Kraaftwierk zu Peenemünde
© Tom Nols

Zil vun der ganzer Operatioun war et, Rakéiten z'entwéckelen an ze testen, déi als Waffe konnten agesat ginn. Den 3. Oktober 1942 sollt um Préifstand VII den éischten erfollegräichen Test geléngen, bei deem eng ballistesch Rakéit an de Grenzberäich vum Weltraum agedrongen ass. Bis zu 12.000 Persounen, dorënner Krichsgefaangener an Zwangsaarbechter, ware gläichzäiteg zu Peenemünde aktiv. Nodeems d'Englänner de Site 1943 bombardéiert haten, war d'Produktioun vun de Rakéiten op aner, ënnerierdesch Fabricken ausgelagert ginn.

Mat dësen an anere "Wunderwaffen" sollt den Zweete Weltkrich nach gewonne ginn. Mee déi sougenannte "Vergeltungswaffen" V1 a V2 ware virun allem deier gewiescht an aus militärescher Siicht ineffizient. Nom Krich hat fir d'éischt déi Rout Arméi, duerno d'Volksarmee vun der DDR de 25 Quadratkilometer grousse Site vun der fréierer Heeresversuchsanstalt op der Insel Usedom iwwerholl. Bis 1990 war d'Areal, vun deem aus 1942 déi éischt Rakéit bis an de Weltraum geflu war, Spärgebitt. Doduerch ass Peenemünde zu enger geheimnisvoller Plaz ginn, ëm déi sech vill Legenden dréinen.

Party, Problemer an nei Kritik

Virleefer vum haitegen "Historisch-Technischen-Museum" HTM, dee mir eis ugekuckt hunn, war eng privat organiséiert Ausstellung vu fréieren NVA-Zaldoten, déi nom Zesummebroch vun der DDR am Kraaftwierk Peenemünde e klenge Musée ageriicht haten. Virun der Dier stoung deemools al Technik vum DDR-Militär, bannena war et eng Mëschung vun Dokumenten an Objeten aus der NS-Zäit. Domat war de naive Message vun der "Gebuertsplaz vun der Raumfaart" liichtfankeg transportéiert ginn, ouni weider op déi däischter Säite vun der Geschicht anzegoen.

Eng V1 Rakéit op der Ofschossramp
Eng V1 Rakéit op der Ofschossramp
© Tom Nols

1992 war et souguer zu engem grousse Skandal komm, wéi ostdäitscht Ex-Militär a westdäitsch Loft- a Raumfaartindustrie zu Peenemünde e grousse Festakt geplangt hate fir de 50. Joresdag vum éischte Rakéitestart. Net just d'Britten, déi zesumme mat de Belsch duerch Aschléi vu V1 a V2 bal 18.000 Doudesaffer ze bekloen haten, waren "not amused". Den ëffentlechen Drock war sou grouss ginn, dass d'Feier a leschter Minutt ofgesot gi war.

2000 sollt déi onkritesch duerch eng nei, wëssenschaftlech fundéiert Ausstellung ersat ginn. D'Verantwortung vu Wëssenschaft an Technik gëtt doran thematiséiert, ouni d'Zwangsaarbechter ze vergiessen oder sech der ganzer Wouerecht z'entzéien. De Mythos vun der "Gebuert vun der Raumfaart" fënnt domat säin Enn. Net just den NS-Regimm hat Leit, déi doru gefuerscht hunn. Eng Rei Versich, den aktuelle Site zum UNESCO-Weltkulturierwen ze maachen, änlech wéi Auschwitz oder Hiroshima, ware bis ewell nach net vun Erfolleg gekréint.

Just en Deel vum risegen Areal
Just en Deel vum risegen Areal
© Tom Nols

D'Bedreiwer vum HTM verfollegen d'Zil, dass Visiteure sech hir eege Gedanke solle maachen. Den Uert steet bis haut fir d'Affer vum NS-Regimm an Zerstéierung duerch onkontrolléiert Entwécklung an Oprëschtung. Staark kritiséiert ass d'Fuerschung un neiaartege Motore fir Rakéiten, déi zanter Fréijoer 2026 nees zu Peenemünde vun enger däitscher Firma bedriwwe gëtt. Der Bundeswehr no wier de Standuert opgrond vu senger ofgeleeëner Lag gutt fir sou Versich gëeegent. Aart an Inhalt vun den Aktivitéite wieren aus "Grënn vu militärescher Sécherheet" awer geheim.

Schwiereg, awer wichteg

De Site bréngt een effektiv un d'Iwwerleeën an Nodenken. Als technik-afine Mënsch staunt een iwwer d'Errungenschafte vun deemools. Do ware richteg Pionéier um Wierk. Dass Fuerschung an Entwécklung awer virrangeg d'Zil haten, déidlech Waffen ze bauen, fir déi Dausende Prisonéier an den Doud geschéckt gi sinn, hannerléisst een déif getraff. Et ass eng schwiereg Plaz. Besonnesch wann ee bedenkt, dass vill Techniker an Ingenieure ronderëm de Pionéier Wernher von Braun vun den Amerikaner mat an d'USA geholl gi sinn, fir do weider u Rakéiten ze schaffen. Héichpunkt dovu war d'Entwécklung vun der Moundrakéit Saturn V.

Modell vun enger V2 Rakéit virum ale Kraaftwierk
Modell vun enger V2 Rakéit virum ale Kraaftwierk
© Tom Nols

Gigantesch, wéi sou vill aner NS-Sitten, ass déi fréier Heeresanstalt Peenemünde gewiescht. Dobäi hu mir an eiser Vakanz just e Brochdeel vum Ganze gesinn. Et gëtt en 22 Kilometer laange Rondwee mat 17 Statiounen, ob deem een nach vill méi Gebaier, Arealer a Ruinen ze gesi kritt. Et gëtt sech bewosst a kritesch mat der Vergaangenheet ausenaner gesat. Donieft gi se och op d'Entwécklung vu Rakéiten no 1945 an. Wousst Dir iwwregens, dass däitsch Ingenieuren un den éischten Entwécklungsschrëtt vum Space Shuttle bedeelegt waren?

Am Historisch-Technischen-Museum ass et keng Verherrlechung vu fréieren Zäiten, mee e respektvollen Ëmgang mat der Geschicht, déi, besonnesch an eiser haiteger Zäit, net dierf vergiess ginn. Et soll a muss weider erënnert a rappeléiert ginn, wat de Mënsch amstand ass, ze leeschten. Am gudden, wéi am schlechte Sënn.

Bannen am ale Kraaftwierk
Bannen am ale Kraaftwierk
© Tom Nols

Back to Top
CIM LOGO