In flagranti erwëschtPensionärin aus Däitschland klaut ëmmer nees Akafsweenercher

RTL Lëtzebuerg
Déi 71 Joer al Fra huet et sech zur Gewunnecht gemaach, de Caddie nom Akafe mat heem ze huelen.

En éischter skurrille Policeasaz haten dës Lescht d’Beamte vu Brandenburg. Amplaz d’Caddien nom Akafen nees virun de Supermarché ze stellen, huet déi 71 Joer al Pensionärin d’Akafsweenercher mat heem geholl. Dat ass engem vun de Mataarbechter vum Buttek opgefall. An hirem Haff huet hien 13 där Caddien entdeckt. Eng Streck vu ronn 1,5 Kilometer huet d’Fra all Kéiers mam geklaute Weenchen zeréckgeluecht.

Wéi et vun der Porte-parole vun der Police heescht, hätten d’Beamte vun der Police d’Fra net op der Plaz ugetraff. Si soll awer deemnächst verhéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO