
Den zweete verdächtege Polizist wier elo ermëttelt ginn, wéi d’Police an de Parquet e Freideg zu Berlin matdeelen. Bei enger Perquisitioun a sengem Doheem an am Büro hätten Ermëttler een Handy a verschidden Dokumenter saiséiert. Déi zwee 48 Joer al Beamte solle Mëtt Juli ee Chauffer op der Autobunn erausgewénkt hunn. Si wieren u sech net méi am Déngscht gewiescht, hätten hir Uniformen awer nach ugehat an hätten domat express den Androck gemaach, et géif sech ëm eng offiziell Policekontroll handelen.
Wéi dat 62 Joer aalt Affer stoe bliwwen ass, sollen déi zwee Polizisten de Mann mat Handschelle gefesselt an an de Policeauto gesat hunn. Aus dem Auto vum Affer solle si doropshi méi wéi 57.000 Euro Boergeld an zwee Handye geklaut hunn.
No der “Policekontroll” sollen déi zwee Verdächteg dem Affer nach ee Protokoll ginn hunn, an deem dat “saiséiert” Boergeld awer net ernimmt gewiescht soll sinn.