Lutte géint organiséiert KriminalitéitPerquisitiounen an enger Partie däitsche Bundeslänner

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet déi däitsch Police a verschiddene Bundeslänner Perquisitioune gemaach. De Schwéierpunkt un den Asätz war an Nordrhein-Westfalen.
© AFP/Archiv/Jens Schlueter

Dem Inneminister vun Nordrhein-Westfalen Herbert Reul no wieren der Police hei eng Partie héichrangeg Krimineller an d’Netz gaangen. Et soll sech ëm Krimineller handelen, déi hir Sue mat Bedruch maachen. Ënnert hinne sollen och Membere vum sougenannten A-Zein-Clan sinn.

D’Ermëttlungen hate sech besonnesch géint Persoune geriicht, déi Bedruch am Zesummenhang mat Corona-Hëllefe bedriwwen hunn a geklaute Luxusautoe verkaaft haten.

Nieft Nordrhein-Westfalen goufen et och an Niedersachsen, Hessen a Berlin Perquisitiounen. 17 Persoune stoungen am Fokus vun den Ermëttlungen.

Back to Top
CIM LOGO