Natur an Nohaltegkeet am FokusPhilippe Schuler: Firwat d’Natur eis all ugeet

Michèle Schons
Hien ass Auteur, Nohaltegkeets-Beroder, Fotograf an Drummer - mä virun allem ass hien een, dee Mënschen nees méi no un d’Natur brénge wëll.
© Philippe Schuler

Philippe Schuler: Firwat d’Natur eis all ugeet

De Philippe Schuler beschäftegt sech zënter Jore mat der Fro, wéi mir als Gesellschaft méi bewosst a méi nohalteg kënne liewen. A senger Aarbecht verbënnt hien Ëmweltschutz, Storytelling a konkret Léisungen. Als Sustainability Consultant beréit hien Entreprisen an Organisatiounen, wéi si méi verantwortlech mat Ressourcen ëmginn a méi nohalteg kënne schaffen. Dobäi geet et him net nëmmen ëm Theorie, mee ëm konkret Verännerungen - vu Kreeslafwirtschaft bis hin zu transparente Liwwerketten.

Et gi vill Firmen déi iwwerleeë méi, wéi se elo am meeschte Profit maache kënnen, mee et sinn awer och vill Firmen sech bewosst, dass d'Wierder "Ëmwelt", "Sustainability", "Net Zero" awer wierklech wichteg sinn an dass et eppes ass, wou d'Investoren drop kucken. wou d'Konsumenten drop kucken, wou d'eege Leit an der Firma drop kucken a soen - mir mussen eis Firma weiderbréngen. Dofir sinn et ëmmer méi Firmen déi ufänken eis ze kontaktéieren a soen - kënnt der eis do weg weiderhëllefen, wéi kënne mer mat der Natur besser zesummeschaffen an eisen Impakt reduzéieren.

Nieft senger Berodungsaarbecht steet de Philippe Schuler och op Bühnen a Konferenzen. A Keynotes a Workshops schwätzt hien iwwer déi grouss Erausfuerderunge vun eiser Zäit: Klimawandel, Ressourceverbrauch oder d’Verbindung tëscht Mënsch an Natur.

Mat Hoteller schaffe mer zum Beispill ganz vill zesummen, en Hotel ka ganz vill fir d'Natur maache, wat d'Infrastruktur ubelaangt, wéi kann een zum Beispill méi Bësch ronderëm kréie, wat kann ee maache fir Biodiversitéit unzezéien, wéi kann een zum Beispill d'Luuchten esou astellen, dass se net déi ganzen Zäit blenden, mee dass se aus gi, wa jidderee schléift, wéi kann een am Beschten d'Iessen selektionéieren, dass et méi lokal an an der Saison ass, wéi kann een zum Beispill Waasserverschwendung evitéieren an esou Saachen. Dat vläicht eppes Klenges, mee et mécht awer eng Differenz.

Eng vu senge gréisste Passiounen ass d’Fotografie. Op senge Reese ronderëm d’Welt fotograféiert hien Landschaften, Déieren a Mënschen, ëmmer mat der Iddi, d’Schéinheet vun eisem Planéit siichtbar ze maachen. Fir de Philippe Schuler ass genee dës emotional Verbindung zur Natur entscheedend, wann et drëm geet, eis Ëmwelt och wierklech ze schützen. E wichtege Bestanddeel vu senger Aarbecht ass och säi Buch: "The Wise Man & The Story of Plenty". Doran beschreift hien d’Geschicht vun der Mënschheet an hir Bezéiung zur Natur.

Ech gesinn, zumools mat deene Leit, mat deenen ech vill zesumme schaffen, dass vill Leit ufänke pessimistesch ze ginn, ze depriméieren, dacks wëssen se net wat se kënne maachen an dat fannen ech einfach nëmme schrecklech, well et ginn esou vill Léisungen, et ginn esou vill Saachen déi positiv sinn op dëser Welt, mee dacks sinn d'Noriichten einfach nëmmen déi schlecht an dorunner hänken déi meescht sech. Ech probéieren et awer zeréck ze bréngen an ze soen - et gi Léisungen. Et gëtt ganz vill scho gemaach, mir wësse wat muss gemaach ginn, et ass just e bëssen den Drang, dee feelt.

De Philippe Schuler seet: nëmme wa mir eis nees als Deel vun der Natur verstinn, kënne mir och verantwortlech handelen. A genee dëse Message zitt sech duerch seng ganz Aarbecht, egal ob op der Bün, hannert der Kamera oder tëscht de Säite vu sengem Buch.

Philippe Schuler

© Philippe Schuler

Back to Top
CIM LOGO