Ethiopan AirlinesPilote schlofe wärend dem Fluch an a verpassen de Fluchhafen

RTL Lëtzebuerg
De Fliger war e Méindeg an der südsudanesescher Haaptstad Khartum gestart a sollt an der ethiopescher Haaptstad Addis Abeba landen.
© AFP

Allerdéngs ass de Fliger net wéi geplangt an Ethiopien um Addis Abeba Bole Airport gelant, mä en ass einfach riichtduerch weidergeflunn. Den Tower vum ethiopesche Fluchhafen huet doropshi probéiert, d’Piloten am Fliger z’erreechen, allerdéngs huet sech kee vun dësen zu Wuert gemellt. Souwuel de Co-Pilot, wéi och de Pilot waren ageschlof a sinn eréischt erwächt, wou den Autopilot sech ausgeschalt huet an en Alarm ugaangen ass.

De Passagéier souwéi de Pilote selwer ass näischt geschitt. Nodeems si wakereg gi sinn, sinn d’Pilote mam Fliger nees a Richtung Fluchhafe geflunn a sécher gelant.

Back to Top
CIM LOGO