Hutt Dir se och gesinn?Polarliichter iwwert der Groussregioun

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Samschdeg war den Himmel iwwert dem Grand-Duché an der Groussregioun schéi faarweg: De Grond dofir war e Sonnestuerm.

Dëse Stuerm huet nämlech dofir gesuergt, datt een och an eise Géigenden emol Polarliichter ka gesinn, déi den Himmel rout, gréng oder rosa gefierft hunn.

Den US-Autoritéiten no war de Sonnestuerm, deen eis Äerd getraff huet, esou staark wéi schonn iwwer 20 Joer net méi. En huet de Niveau 5 vu 5 op der Miess-Skala erreecht.

Wien se déi leschten Nuecht verpasst huet, kéint awer nach tëscht dem Samschdeg a Sonndeg méiglecherweis d’Chance hunn, se ze gesinn. Astronome ginn nämlech dovunner aus, datt se zu deem Zäitpunkt nach eng Kéier an eise Regioune kéinten ze gesi sinn.

Ma e Sonnestuerm suergt awer net just fir e schéinen Himmel. Esou warnen ënner anerem d’US-Autoritéiten, datt dës kéinten en Afloss op de GPS, d’Satellittennavigatioun an aner Technologien hunn. Den Expert Volker Bothmer vun der Uni Göttingen sot de Kolleege vun ZDF awer, datt dëse Stuerm net staark genuch wier, fir datt et Ausfäll am Stroumnetz kéint ginn.

Back to Top
CIM LOGO