
Den Donneschdeg am Nomëtteg hat de polnesche Futtballspiller nom Training aus dem Auto eraus nach e puer Autogrammer verdeelt, wou et bemol geschitt ass: Ee Jonke Mann huet dem 33 Joer ale Sportler d’Luxusauer am Wäert vu ronn 74.000 Euro vum Gelenk gerappt, an huet sech domat duerch d’Bascht gemaach. Blesséiert gouf de Lewandowski dobäi awer net.
Knapps eng Stonn méi spéit hat déi katalanesch Police den Déif scho gepëtzt. Den 19 Joer ale Mann hat sech an enger Heck an der Géigend vum Stadion verstoppt an hat d’Auer nach bei sech. Wéinst “gewaltsamem Déifstall” gouf hie festgeholl.
De Lewandowski, deen no aacht Joer bei Bayern München Mëtt Juli fir 45 Milliounen Euro bei den FC Barcelona gewiesselt ass, krut d’Auer vun der Police zeréckbruecht.