BelschPolice hält Chauffer un, deen iwwer 6,2 Milliounen Euro un Amenden ausstoen hat

RTL Lëtzebuerg
De Mann, deen d'Zomm net begläiche konnt, krut den Auto saiséiert, schreift ënner anerem d'Noriichtenagence Belga.
Symbolbild.
Symbolbild.
© SYLVAIN LEFEVRE Hans LucasHans Lucas via AFP

Et dierft e Rekord sinn: An der Belsch ass e Mëttwoch en Autoschauffer am Süde vu Limburg am Kader vun enger gréisserer Policekontroll ugehale ginn, dee méi wéi 6,2 Milliounen Euro un Amenden ausstoen hat, déi net bezuelt sinn.

De Mann, deen d’Zomm net begläiche konnt, krut den Auto saiséiert, schreift ënnert anerem d’Noriichtenagence Belga. Wouhier genee déi onvirstellbar grouss Zomm u Strofen hierkënnt, gëtt vun offizieller Säit awer net präziséiert

Nieft dem Rekord-Montant hunn d’Autoritéiten nach méi wéi 18.000 Euro iwwer aner Chaufferen erakrut. Insgesamt siwen Autoe goufe bei der gemeinsamer Kontroll vu Police an Douane saiséiert.

Back to Top
CIM LOGO