
D’Police huet an Nordrhein-Westfalen e Camion kontrolléiert, deen honnerte Fässer mat 10 Tonne Sprengstoff dran transportéiert huet. Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, dass de Mann, deen op der A 555 ënnerwee war, ënner Drogenafloss stoung. Donieft hunn d’Beamten 300 Fässer mat Sprengstoff dra fonnt, déi net geséchert waren.
En Ersatzchauffer huet d’Gefier, dat an Tschechien zougelooss ass, bei eng Spezialfirma bruecht, fir d’Wuer ze sécheren.
Am Ganzen hunn d’Beamte vun der Police 12 Camionen e Mëttwoch kontrolléiert, déi geféierlech Gidder transportéiert hunn. An 10 Fäll waren d’Gidder net oder falsch geséchert oder et goufe Verstéiss géint d’Gefore-Veruerdnung notéiert.