Rheinland-PfalzPolizist léisst wärend Asaz 180 Kilo Kéis matgoen - vum Déngscht entlooss

RTL Lëtzebuerg
Well e Beamten no engem Accident néng 20-Kilo-Päck Kéis matgoe gelooss hat, huet e Geriicht decidéiert, datt hien näischt méi am Déngscht verluer hätt.

Wéi ënnert anerem den “Trierischer Volksfreund” en Dënschdeg mellt, geet de Virfall op d’Joer 2019 zeréck. Ee Camion, dee mat Kéis beluede war, war an ee schwéieren Accident verwéckelt, duerch deen de Killcontainer futti gaangen ass.

De betraffene Beamten, deen d’Plaz ronderëm den Accident u sech hätt solle sécheren, huet seng Chance gericht a soll enger Matdeelung vum Geriicht no eng Rei aner Leit op der Plaz dozou opgefuerdert hunn, him dobäi ze hëllefen, onbeschiedegt Päck Kéis aus dem Killcontainer eriwwer an d’Police-Camionnette ze droen.

Gefeelt hunn duerno néng Päck Cheddar-Kéis à 20 Kilo - eng Wuer am Wäert vu 554 Euro, wéi den “Trierischer Volksfreund” mellt.

En Deel vum Kéis soll deemno mat op de Policebüro bruecht gi sinn, ma vun den anere Päck Kéis verléiert sech deen Ament d’Spuer. D’Geriicht geet dovun aus, datt de Beamte véier Päck Kéis fir sech respektiv fir Frënn a Famill behalen hätt.

Géint een éischt Urteel vum Tréierer Verwaltungsgeriicht war de Polizist an Appell gaangen, mam Argument, de Kéis wier nom Accident praktesch näischt méi wäert gewiescht an hien hätt d’Liewensmëttel vun der Zerstéierung rette wëllen. Selwer géif hien iwwerdeems emol keen Cheddar iessen.

D’Urteel vum Tréierer Geriicht gouf elo allerdéngs vum Oberverwaltungsgericht zu Koblenz confirméiert. Ob de Polizist de Kéis fir sech selwer oder fir anerer matgeholl hätt, géif keng Roll spillen. Et hätt sech bei der Dot vum uniforméierte Polizist wärend engem Asaz ëm ee “schwéiert, bannendéngschtlecht Déngschtvergoe” gehandelt.

Well hie beim Kéis klaue seng Déngschtwaff bei sech hat, gouf de Polizist iwweregens scho virun zwee Joer wéinst engem mannerschwéieren Déifstall mat Waffen zu enger Geldstrof verurteelt.

Back to Top
CIM LOGO