
E Mëttwoch de Mëtten ass Polizisten am Berliner Staddeel Geesundbrunnen e verdächtege Geroch virun enger Entrée vun engem Haus opgefall. Nodeems d’Beamte sech vum Parquet eng riichterleche Autorisatioun fir d’Duerchsiche vun der Wunneng vun engem 43 Joer ale Berliner-Bierger gefrot haten a se sech gewaltsam Zougang zu der Wunneng verschafft hunn, hu se Erstaunleches virfonnt. Nieft e puer honnert Kilogramm Cannabis konnten d’Beamten och nach Handwierksgeschier fir d’Ubaue vun de Planzen, eng fënnefstelleg Geldzomm, souwéi eng Matraque confisquéieren.
D’Drogen, d’Suen an d’Handwierksgeschier goufen direkt op de Police-Büro matgeholl. Iwwerdeems huet d’Police Ermëttlunge géint de Berliner an d’Weeër geleet wéinst Verstéiss géint d’Waffegesetz an d’Déidungsmëttelgesetz.